Solidaritéitsaktioun

Léif Alleguerten, léif Handwierksbetriber a Firmen,

 

Ech wollt eng Initiativ starten fir schnellst méiglech eng Infrastruktur an d’ Rei ze setzen fir Flüchtlingen kënnen opzehuelen. No Gespréicher mam Schäfferot vun der Gemeng Rouspert/Mompach, hunn ech de Moien eestëmmeg vum Gemengerot gréng Luucht kritt. 

D ’Gemeng selwer huet och 4 Unitéiten an enger éischter Phase gemellt fir schnell Leit kënnen ze hëllefen an ënner Dach ze huelen.

 

Zesummen mat der Gemeng, di de Projet koordinéiert, wollt ech den Café de la Sûre zu Rosport, a Stand setzen, fir esou zousätzlech Wunnraum fir Flüchtlingen unzebidden.

 

Et ginn verschidden Saachen, Aarbechtskräften an Finanzen gebraucht. Mat Ënnerstëtzung vun Privaten an Firmen probéieren mir dat benevole ze realiséieren. Heimadder well ech een Opruff maachen fir är Ënnerstëtzung.

 

Ech bieden Iech mir iwwer Whatsapp oder Email, solidariteitsaktioun@lux-mail.info,  är Ënnerstëtzung unzebidden fir dass mir et kennen Koordinéieren.

 

Mir fänken muer den Moien, Samschden den 19.03 ab 8:00 mat den Aarbechten wou mir Ënnerstëtzung kéinten gebrauchen un an mir géifen ons immens freeën wann den een oder den aneren Zäit an Loscht hätt fir hëllefen ze kommen.

-Erausrappen vun Lino an Tapéit

-Botzen

 

Saachen déi Gebraucht ginn (Kennt Dir eng Foto Schecken fir ze kucken ob mir et kennen asetzen)

-Better

-Kleederschief

-Frigo

-Wäschmaschinn

-Trockner

-Bett Bezich

-Handdicher an Läppercher

 

Obwuel eng absolut Ënnerstëtzung vun der Gemeng do ass, ass eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’ Fräien ze decken déi opkommen natierlech och wëllkomm.

 

Et kommen nach weider Noriichten iwwer den Progrès an wann nach Saachen/Aarbechten gebraucht ginn.

 

Merci am viraus,

Oesch Robert